Sandy Wagner

Schrëftsteller

Mäin Numm ass Sandy Wagner an ech hu Wagy an d’Liewe geruff, fir meng Stabilitéit, meng Balance a meng Léift ze fannen. Ech widmen dëst Buch deem klenge sandy, wat mat véier Joer kloer erkennen a verstoe konnt, wat et net a Wierder gefaasst krut.
An enger donkeler Zäit vu mengem Liewen, wéi ech alles hat, eng Aarbecht, gutt Frënn an e Partner, war ech op engem Punkt ukomm, wou ech net méi ech war. Wou ech net méi ech selwer wollt sinn. Ech konnt mech net méi am Spigel kucken. Et war, wéi wann ech net méi existéiere géif. Do louch ech, ganz eleng, a mäin eenzege Wonsch war, dass ee mech an den Aarm hëlt.

sandy-wagner
sandy-wagner-buch2

MiBoS

Mat dësem Buch mécht d’Wagy d’Dier zu sengem Häerz op. Ech hu MiBoS geschriwwen, fir dem Mënsch, deen ech sinn, endlech Plaz ze maachen. Kommt mir loossen op d’mannst wärend dem Liesen all Niwwel vun der Welt dobaussen hanner eis a konzentréieren eis op eise Kär.